med-jobs
EN
DE
FR
IT
EN

Educateur diplômé (m/w/d) - CDI - CST Klick Klack zu MIersch

30 days ago
My Favourite
Webcode: 57c9a4e38437
Employment typeFixed-term employment
Language skillsGerman
Workload75%
Field(s) of studyGeneral internal medicine
LocationRalingen, Rhineland-Palatinate, Germany

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hir Dagesstruktur

„Centre socio-thérapeutique KlickKlack“

een Educateur diplômé (m/w/d)

Är Aufgaben:

  • Dir sidd Deel vun engem multidisziplinären Team a schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner ;

  • Dir konzipéiert an developpéiert an Zesummenaarbecht mat der Teamleedung verschidden non-formal Bildungsofferen an dir sidd am Team aktiv un der Ëmsetzung vun dëse Settings um Terrain bedeelegt ;

  • Als perséinlech Referenzpersoun vun engem Kand, sidd Dir an Zesummenaarbecht mat der Teamleedung zoustänneg fir déi schoulesch a sozioemotional Fërderplanung vum Kand an et ass et Är Aufgab, op eng traumasensibel a participativ Manéier dem Kand ze hëllefen, en Zougang zu senge Ressourcen ze fannen ;

  • Dir sidd am reegelméissegen Austausch mat der Famill vum Kand ;

  • Dir begleet d'Kand um Wee vu senger schoulescher Reintegratioun

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom vum Educateur Diplomé mat der « autorisation d‘exercer ».

  • Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.

  • Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.

  • Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement.

  • Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.

  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

  • Dir hutt e Führerschäi B.

Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.

  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4)

  • Sympass Kaart.


Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Liewenslaf mat Foto

  • Motivatiounsbréif

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d‘exercer

  • Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5

Just-Medical
med-jobs is a service of just-medical!