med-jobs
DE
DE
FR
IT
EN

Student/innen (Summervakanz) - Centre d'Accueil Norbert Ensch - 40h (6329)

Vor 30 Tagen
Mein Favorit
Webcode: a73ae1830fa1
AnstellungsartUnbefristete Anstellung
SprachkenntnisseDeutsch
Arbeitspensum100%
Studienrichtung(en)Allgemeine Innere Medizin
StandortKörperich, Rheinland-Pfalz, Deutschland

D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht:


Student/innen fir d‘Summervakanz fir säi Centres d'Accueil Norbert Ensch an de folgende Strukturen:

  • Mammen-Kand-Wunngrupp „Luma“ (Bartreng) - vum 06/07/2026 bis 04/09/2026
  • Kannergrupp zu Rued-Sir - vum 15/08/2026 bis 15/09/2026
  • Kanner-a Jugendwunngrupp „Reebou“ (Lëtzebuerg) - vum 15/07/2026 bis 14/08/2026 an vum 24/08/2026 bis 15/09/2026
  • Kanner-a Jugendwunngrupp „Ubuntu“ zu Uewerglabech - vum 01/09/2026 bis 15/09/2026
  • Jugendwunngrupp zu Recken - vum 01/08/2026 bis 14/09/2026
  • Primo-accueil fir MNA (Hesper) - vum 15/07/2026 bis 15/09/2026
  • Jugendwunngrupp fir MNA „KHaff Anka" (Conter) - vum 15/08/2026 oder 01/09/2026 bis 15/09/2026
  • Jugendwunngrupp fir MNA zu Miersch - vum 20/07/2026 bis 30/08/2026
  • Jugendwunngrupp fir MNA „Foyer Jacoby" (Déifferdeng) - vum 01/07/2026 bis 31/08/2026


Viraussetzungen:

  • Mindestalter : 18 Joer
  • Beherrschung vun op mannst zwou vun de dräi Landessproochen
  • Disponibilitéit an der genannter Period oder op d'mannst 3 Wochen hannerenee
  • Student am pedagogeschen, sozio-edukativen oder psycho-soziale Beräich ass ee Virdeel
  • Ekkipefäegkeet an autonom Schaffen
  • Kreativitéit a gutt Relatioun mat Kanner a Jugendlechen
  • Verantwortungsbewosst sinn
  • Flexibilitéit bei den Aarbeschtzaïten


Bass du interesséiert ?

Postuléier iwwert eisen Internet-Site, mat dengem Curriculum Vitae, eng Lettre de Motivation an e Certificat de scolarité.


Wichteg : Bei denger Kandidatur (besonnesch an der Lettre de Motivation) muss du uginn, wéi eng Struktur(en) dech am meeschten interesséieren !


Am Fall vun enger Astellung, froe mir Iech en Extrait vun Ärem casier judiciaire.


Just-Medical
med-jobs ist ein Service von just-medical!